www.lasguata.com.ar
Haut maachen ech emol eng Keier Reklamm, aus deem ganz einfache Grond, well ech des Bijouen vun argentineschen Designer einfach genial fannen, modern, innovativ … einfach emol anescht ewéi villes wat e soss dorëmmer gesäit. Zu Lëtzebuerg verkaaft ginn se vum Fernanda Saieg (SudDesign Sàrl – fersaieg@gmail.com), wat mat vill Temperament an Begeeschterung mir all seng Schätz gewisen huet. Ech hätt se am léifsten all mat heem geholl.
D’Bijouen fënnt een och nach an der Boutique CHEZ LUCY (23, rue du Luxembourg, L-4220 Esch/Alzette) an an der Boutique vum MUDAM.
Mäin perséinleche Favorit sinn déi rockeg Bijouen aus Lieder vum Cecilia Caminos. Mee och déi aner Modeller sinn et derwäert uprobéiert ze ginn.
www.perfectosdragones.com
www.dorisvinas.com.ar
www.soldoeyo.com
www.marinacallis.com.ar
www.ceciliacaminos.com.ar