Oft, wann ech erzielen, ech hätt e “Blog”, dann kréien ech Froe gestallt wéi: “Wat ass dat dann? Wéi funktionéiert dat?” Ech hunn d’Erfahrung gemaach, dass béi deene net méi ganz Jonken (zu deenen ech och gehéieren) “Bloggen” nach eppes zimlech Exotesches ass. An Däitschland a Frankräich gëtt et z.B. Honnerten vun Blog’en iwwer Handaarbechten, DIY, Fotoen a nach villes méi. Déi meeschten LieserInnen vu dësem Blog kommen och aus Däitschland, der Schwäiz an Éisterräich. Dat ass flott, mee och e bëssi schued, well et géing schonns Spaass maachen, och mat lëtzebuergesch’en Handarbechtsbegeeschterten a Kontakt ze kommen an sech auszetauschen.
Dofir, léif Lëtzebuergesch LieserInnen, hei e klengen Blog-ABC:
Post: Domat sinn d’Bäitreeg, d’Artikelen gemengt. Wann Der op den Titel vum Artikel klickt, geet eng nei Fënster op mat nëmmen dem Artikel. Ënnert dem Artikel fannt Der dann Méiglechkeeten, fir mer matzedeelen, dass Der den Artikel flott fannt (klick op “Gefällt mir”), Dir kennt den Artikel op Facebook, Twitter asw. weiderverlinken oder Dir kennt e Commentaire ofginn.
Follow’en: dat heescht eigentlech näischt anescht ewéi dëse Blog “abonnéieren” (natierlech gratis). Do kennt Der op dee klenge Logo “Follow merlanne” rechts drécken, oder op de Logo vun “bloglovin'”. Dir gitt dann Är E-mail-Adress gefrot a kritt duerno, all Kéiers wann ech en neien Artikel schreiwen, eng Noriicht per Mail.
Bloglovin’: Dat ass eng Plattform fir Blogger. Dir kennt dëse Blog och op “Bloglovin'” nofollegen (“follow’en”). Dofir musst Der op den Logo vun “Bloglovin'” klicken, och do kritt Der eng E-mail Adress gefrot. Wat flott dorun ass, dat sinn déi vill aner Blog’en aus der ganzer Welt, déi een op Bloglovin kann entdecken.
Kommentar: Ewéi schonns uewendriwwer erklärt, kennt Dir all Artikel opmaachen an dann ganz zum Schluss e Commentaire ofginn. Ech free mech op all Commentaire, et mécht Freed, ze liesen ob Iech den Artikel gefall huet oder nei Iddien ze kréien. Et kann villäicht e bëssi daueren, bis den Commentaire um Blog erschéngt, well ech muss den Commentaire ëmmer fir d’éischt fräischalten. Ech free mech schonns op Är Commentairen, Suggestiounen, nei Iddien fir Blog-Artikelen asw.
Linken: Daat sin Schnettstellen, op déi Dir kennt klicken an da kommt Der z.B. op en aanere Blog, en Youtube Film, eng Internetsait asw. Linken sin dorun ze erkennen, dass d’Wieder blo erschengen. Einfach mol op e bloot Wuert klicken, dohannert verstoppen sech déi eng oder aaner Iwerraschung (z.B. beim Artikel: “And the Oscar goes to…”).
Ech wënschen Iech nach vill Spaass beim Blog-Entdecken. Genéisst déi lescht Sonnendeeg!
No Comments